Aufgaben an Aktivitéiten
Eise Veräin huet folgend Aufgaben an Aktivitéiten
- Vertriedung vu Bildungs- a Familljeinteresse vun den Elteren a Schüler am Enseignement precoce, prescolaire a fundamental vun de Gemenge Bech a Manternach, an Iwwerteneestëmmung mat de gültege Bildungs-Gesetzer a Veruerdnungen an eisem Land
- De kontinuéierlechen Dialog tëscht Elteren op der enger Säit an Enseignanten, Schüler a Schoulautoritéiten déi aner Säit
- De Schoulautoritéiten d’Virschléi vun den Elteren a punkto Schoulverwaltung a Schoulorganisatioun iwwerdroen.
- De Kontakt an de Meenungsaustausch tëschent Elteren an Enseignantë fërderen
- D’Frostellungen a punkto Ausbildung vun de Schüler, Rechter a Flichte vun der Famill ënnersichen.
L’ELVERE organiséiert regelméisseg traditionell, kulturell an Fräizäitaktivitéiten
- Schwammcoursen: All Trimester proposéiert eise Veräin Schwammcourse fir Kanner vu 5 Joer un. Dës Coursë sinn an der Schwämm vu Biwer. Se gi gehale vun der “Schwammschoul Delphin” vun Tréier.
- Accueil vun de Kanner aus dem Cycle 2.1 den éischte Schouldag mat Choky a Mëtschen.
- « Kanner » – Second-Hand Maart: all Joer am Ufank vum 2ten Trimester.
- Schoulfest: De leschte Freideg vum Schouljoer organiséiert d’ELVERE Schoulfest
- “Science Week”: All 3 Joer organiséiere mir eng Woch an der Schoul wou d’Schüler vun de Cycle 2,3 a 4 op d’Naturwëssenschafte sensibiliséiert ginn. Zesumme mam “natur musée” ginn edukativ an didaktesch Atelieren ugebueden.
- Babysitter-Coursen : regelméisseg bidde mir Babysitter-Coursen un fir Jugendlecher ab 15 Joer an Zesummenaarbecht mat Erzéiongs- a Familljeberodung asbl. D’Jugendlecher déi matmaache kréien eng offiziell Bescheinegung als Babysitter.
Gewënner vum Veräin
D’ Joresgewënner vum Veräin duerch seng Aktivitéiten a Memberscotisatioune fléissen an d’Schoulorganisatioun duerch de Kaf vun Informatiksmaterial, didakteschem Material an ähnlechem.