Science Week “Rénert goes Science”

 Vum 9. bis den 13. Mee 2016 hu mir fir d’Schüler aus de Cyclen 2, 3 a 4 lauter Aktivitéiten am Beräich vun de Naturwëssenschaften organiséiert. Zesumme mam “natur musée” a Pins.lu goufen edukativ an didaktesch Atelieren ugebuede fir de Kanner d’Wëssenschafte méi no ze bréngen.

 

Planetarium

Am obblosbare Planetarium vum “natur musée” si mir op d’Entdeckung vum Nuetshimmel gaangen.
Wéi erkennt en eenzel Stärebiller ? Wou ass den hellste Stär am Himmel ? Wéi gesinn d’Planéiten aus ?
Dat alles hunn d’Kanner erklärt kritt.

planetarium 1
science mobil 0

 
Science Mobil
“Alles anescht wéi banal: Mëllech, Seef, Kleeder,… ënnert der Lupp!”

Saache vum Alldag wéi Mëllech, Seef, Waasser, Kleeder, Tënt a Brout goufen ënnert d’Lupp geholl. Hier Chimie, Physik a Biologie si ganz faszinant, also alles anescht wéi banal.

 
Taxiphilo

Klassifikatioun vum Liewen op spillerescher Aart a Weis.

Taxi 2
Seef 8

 
Seefeblosen

Wéi ass eng Seefeblos opgebaut ? Wat brauche mir fir eng grouss Seefeblos ze maachen ? D’Kanner konnte selwer fir Flëssegkeet zesummesetzen an hunn dono probéiert riseg Seefeblosen ze maachen.

 

Woufir eng “Science Week” ?

  • D’Wëssenschaftswoch ass organiséiert ginn am Kader vun der Joers-Ënnerstëtzung vun der Schoulorganisatioun duerch d’ELVERE.
  • Et sollt eng flott Ofwiesselung ginn am Schoulalldag vun de Kanner.
  • Et ass en neien, originelle Wee fir de Kanner d’Naturwëssenschaften méi no ze bréngen an hinne “LOSCHT OP WËSSENSCHAFTEN” ze ginn.

 

Wéi geet et weider ?

Well d’Science Week e schéine Succès war an souwuel bei dem Léierpersonal wéi bei de Kanner ganz gutt ukomm ass, huet d’ELVERE decidéiert all 3 Joer esou eng Woch ze organiséieren.

 

serviced by NetZetera.lu