Schoulfest
De leschte Freideg vum Schouljoer organiséiert d’ELVERE e grousst Schoul- a Grillfest. Et ass d’Geleeënheet dass d’Elteren an d’Kanner sech déi leschte Kéier virun der Summervakanz treffen an e puer flott Stonnen zesumme verbréngen.
Et ass och d’Méiglechkeet d’Léierpersonal ausserhalb vun der üblecher Schoulorganisatioun ze treffen.
Bref, e gemittlechen Ofschloss vun engem laange Schouljoer.
