“Kanner” – Second-Hand Maart

Den 7. Mäerz 2020 organiséiere mir e Second-Hand Maart fir Kannerartikelen am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.

Nei dëst Joer ass och e separate Bicher-Secondhand-Maart um éischte Stack vum Centre Beaurepaire.

Um Second-Hand-Maart kënne Privatleit Kleeder (vu 0 bis 15 Joer), Spillsaachen, Veloën, Poussetten, Buggyën, Autossëtzer, Sportsaachen etc. verkafen.

All d’Dëscher vum Second-Hand Maart si scho verginn. Dir kënnt iech awer op eng Waardelëscht aschreiwen. Fir de Bichermaart kënnt dir iech weider umellen.

Op de Stänn vum Second-Hand-Maart däerfe keng Bicher verkaf ginn !

Bicher kennen exklusiv just um Bicher-Maart verkaf ginn.

Adress :

Centre Beaurepaire
Schoulstrooss
L-6831 Berbuerg

Konditiounen fir de Second-Hand-Maart :

Präis : 10 € pro Dësch vun 2 Meter ze bezuelen op der Plaz.

Maximal 2 Dëscher pro Verkeefer.

Entrée fir Verkeefer vun 10.00 Auer un.

Konditiounen fir de Bicher-Secondhand-Maart :

Reegelen an Konditiounen sollt dir hei kucken

Fir iessen an drénken ass gesuergt.

serviced by NetZetera.lu